neiegkeeten

De Mullebutz 3 ass an de Kulturhaiser uechter d’Land ze erliewen. www.mullebutz.lu

*

Fluppdifipps – eng nei ‘Kanneroper’ vun der EME op eng Geschicht vum Martine Wallenborn, ass fäerdeg. www.fondation-eme.lu

*

De Litty 8 ass eraus. Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2 – vun der Nokrichszäit bis d’Covidpandemie. www.bnl.lu

*

Fir den 200ste Gebuertsdag vum Edmond ‘Dicks’ de la Fontaine bréngen TONNAR URWALD hiren neien Album eraus.

*

Am Lëtzebuerger Lidderflupp trëfft de Georges Urwald op den Orchester Luxembourg Philharmonia ënnert der Leedung vum Martin Elmquist. Lëtzebuerger Lidderpotpourrie fir Matzesangen an instrumental ‘Pausestécker’ vu Lëtzebuerger Komponisten suerge fir en Owend voller Freed. www.philharmonia.lu

*

D’Lëtzebuerger Pianosheft II ass do. Dir kritt et an allen Ernster-Butteker oder iwwert blueorangemusic.com. www.blueorangemusic.com

*

Den CD Maacher am Léid resp. d’Lidderheft Maacher am Léiderbouch, e Projet vum Georges Urwald, an Zesummenaarbecht mat der Maacher Museksschoul an der Maacher Gemeng: CD an Optrëtter, eng Kollektioun vu Lidder aus de leschten 150 Joer iwwert Maacher Temperament, Maacher Traditiounen, Maacher Perséinlechkeeten. www.stued.lu

*

De Georgely, d’Lëtzebuerger Lidderbuch / Band I : Geselleg Lidder an Zesummenaarbecht mat der BnL, dem Stued Theater an der INECC ass an der Maach: 300 Lëtzebuerger Lidder vu fréier bis haut, déi ee kennt, déi an der Gesellschaft gesonge ginn, an engem eenzege Buch. Mat Text, Melodien a Begleetakkorden. (> Publikatioun 30. a 31.3.23) www.bnl.lu

*

De 5te Band vum didaktischen Heft ‘De Litty – klassesch Musek zu Lëtzebuerg‘ ass do. Dir kritt et an der Nationalbibliothéik oder iwwert cedom@bnl.etat.lu. www.bnl.lu

*

23/6/Den neien Album DIK (12 Improvisatiounen iwwert traditionell Melodien aus Lëtzebuerg – grand piano: Georges Urwald – percussion: Franck Hemmerlé) ass eraus. Now available on iTunes, Spotify, youtube, … Den CD kritt Dir iwwert de Kontakt op dëser Säit.

HU Flyer New Album