schoul

Ausbildung – nom Kölner Museksstudium huet de Georges Urwald am Joer 2000 säi Proffestage am Stater Kolléisch, dem ‘Athenaeum’, an am Iechternacher Lycée ugefaangen. 2004 ass hien als Museksproff op Iechternach genannt ginn.

Schoulfach ‘éducation musicale’ – d’Aarbecht vum Schoulmuseker ass ofwiesslungsräich a villsäiteg. Als sou genannte Niewefach muss mat Inhalter a Methoden iwwerzeegt a motivéiert ginn. Musekalesch Wëssensvermëttlung an en ‘Ausgläich’ zu aneren, méi ‘kapplastege’ Fächer wëll hei ugebuede ginn, net nëmmen an den offizielle Schoulstonnen.

Schoulklassen a Programm – op der 7ème classique ginn 2 Wochestonne Musek gehalen, op der 7ème générale 1 Stonn. Theorie a Praxis léisen sech of oder gi matenee kombinéiert. Grondlagen vun der Musik, Musek beschreiwen, Wirkunge vun der Musek, Mechanisme vum Museksbuisness, Abléck an d’Geschicht vun der sougenannter ‘eeschter’ an ‘ënnerhalender’ Musek an hire jeeweilegen Zäiten an Ëmfelder, bewosst Lauschteren, Sangen, Instrumenter ausprobéieren a spillen asw. kënnen op vill a flott Manéiere vermëttelt ginn. D’Museksvermëttlung ass komplex, well wéi heescht et sou schéin: Wee just eppes vu Musek versteet, de versteet och dovunner näischt! Op de Sektiounen A, E, G ass op der 2ème 1 Stonn ‘Histoire de la musique’ virgesinn. D’E-Sektioun huet weider 2 Stonne Museksgeschicht op der 1ère an evtl. am Schlussexamen. Am Stater Kolléisch, zu Dikrech an am Escher Jongelycée gëtt och eng F-Sektioun, eng ‘Musekssektioun’ also, ugebueden. Op der 3ème, 2ème a 1ère kënnen d’Schüler d’Optioun Musek mat 2 Wochestonne wielen.

Schwéierpunkter – säit de Georges Urwald an der Schoul schafft, huet hien d’Virdeeler vu sou genannte Léier- a Wëssenslidder erkannt, d.h. Wëssen entdecken, vermëttelen, verdéiwen a längerfristeg ofspäicheren mat Hëllef vu jugendgerechte Songs. Säitdem sinn eng Rëtsch Léierlidder entstanen, och fächeriwwergräifender. D’Natierlechkeet vum gemeinschaftleschen Sangen vu 7ème bis 1ère ass e wichtegt Uleies. Säit 2008 gëtt och all Joer e Septimanerchouer op d’Bee gestallt, deen nei ‘hausgemate’ lëtzebuergeschsproocheg Lidder produzéiert. Zum Schluss vun all Trimester sangen all Septimanerclassen zesummen am Gank, an der Paus – de souganannte GAG (Gesank am Gank).