liewen

De Georges Urwald ass Museker, Komponist/Arrangeur a Professer fir éducation musicale am Iechternacher Kolléisch an deel-détachéiert an de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom), fir deen hien d’didaktesch Hefter zum Thema Lëtzebuerger Kultur De Litty fir Grondschoulen a Lycéeë redigéiert an erausbréngt.

Hie musizéiert, komponéiert an arrangéiert Genre iwwergräifend fir ënnerschiddlechst, grouss a kleng Besetzungen.

Studéiert huet hien zu Köln op der Staatlichen Musikhochschule Schulmusik mam Haaptfach Kierchenuergel an Jazzinstrumentalpädagogik mam Haaptfach Jazzpiano.

Zu Gréiwemaacher féiert hie säit 2008 de Privattheater fir Lëtzebuerger Klengkonscht, de Stued Theater.

 

1984-2016 Pianist vum Kanner- a Jugendchouer Muselfénkelcher

1997-2005 Pianist am Salonorchester Les Salonnards

1990-2009 Pianist a Komponist am Jazzensemble Garlicks

2003-2007 Pianist vum Tangosquintett La Boca

2004-2007 Pianist a Komponist am Duo Quadrivium

2004-2006 Pianist a Komponist an der Raquel Barreira Acoustic Group

2004-2017 Musikalesche Leeder, Pianist a Komponist vum Musekstheaterveräin Rhäifränsch

zanter 2004 Pianist a Komponist am Michel Clees Ensemble

zanter 2011 Sänger, Arrangeur a Komponist am Gesanksquintett d’Cojellico’s Jangen

zanter 2015 Sänger, Akkordeonist, Pianist, Arrangeur, Komponist a Steiermann beim Kapitän Mullebutz a senge Séisswaassermatrousen

zanter 2018 Sänger, Pianist a Komponist bäi FLOTT,

zanter 2019 Pianist am Duo Hemmerlé Urwald

zanter 2019 Sänger a Pianist am Projet fir demenzkrank Leit ‘Kanner o Kanner o quel bonheur’ (mil asbl)

zanter 2022 Sänger a Pianist am Projet Lëtzebuerger Lidderflupp, mat der Sängerin Deborah Marinkovic an dem Orchester Luxembourg Philharmonia ënnert der Leedung vum Martin Elmquist